Accéder au contenu principal

News

Schülerwalen & Super-Wal-Kiermes

Dëse Mëttwoch hunn eis Schüler*innen d’Méiglechkeet, hir Stëmm ofzeginn an de neie Schülerkommitee ze wielen!

All zwee Joer kréien eis Jonk d’Méiglechkeet, hir Kandidatur anzereechen an sech aktiv fir d’Schoulgemeinschaft anzesetzen an hir Iddien anzebréngen.

Fir eis Schüler*innen d’Thema Walen an Demokratie méi no ze bréngen, hate mir d’läscht Woch d’Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung bei eis am Sportlycée!

Mat dräi spannende Statioune konnten eis Jonk Demokratie entdecken, hir eege Meenung reflektéieren an iwwer politesch Participatioun diskutéieren:

  • Iddie fëschen: Verschidden Themen entdecken, d’eege Perspektiv reflektéieren an iwwer Erausfuerderungen nodenken.
  • Rad vun der Verännerung: Froen zur Bedeelegung entdecken a sech Gedanken doriwwer maachen, wéi een sech aktiv an d’Gesellschaft abrénge kann.
  • Zesumme bauen: D’Grondlage vun der Demokratie opstellen an erausfannen, wat fir eng eege Prioritéite wichteg sinn, fir d’Demokratie am Gläichgewiicht ze halen.

E grousse Merci un den Zentrum fir politesch Bildung fir de flotte Besuch.

Veuillez cliquer sur les photos pour l'agrandir.