E Freideg, den 18. September, haten eis nei 7e Schüler*innen d’Geleeënheet, sech ausserhalb vum Schoulalldag kennenzeléieren an als Klass zesummenzewuessen.
Am Mariendall hu si un enger Rei vu flotten an ofwiesslungsräiche Gruppenaktivitéiten deelgeholl. D’Zil war et, de Klasseverbond an d’Gruppendynamik ze stäerken an e gudde Grondsteen fir dat neit Schouljoer ze leeën.
Duerch gemeinsam Aufgaben an Erausfuerderunge konnten déi Jonk sech net nëmme besser kenneléieren, mee och Vertrauen opbauen, sech géigesäiteg ënnerstëtzen an als Grupp zesummeschaffen. Natierlech koum de Spaass dobäi och net ze kuerz.
Begleet goufen d’Schüler*inne vun hire Regenten an dem SePAS, déi si wärend dësem Kenneléierdag ënnerstëtzt an duerch déi verschidden Aktivitéite begleet hunn.
Déi gemeinsam Erliefnesser an déi gutt Ambiance am Mariendall hunn dozou bäigedroen, datt eis nei Schüler*inne sech séier an hiren neie Klassen wuelgefillt hunn an déi éischt Schrëtt als Klass zesumme gemaach hunn.
Mir wënschen hinnen e flotten a erfollegräiche Start an dat neit Schouljoer!
66, rue de Trèves
L-2630 Luxembourg
Nous utilisons des cookies et des technologies similaires pour améliorer votre expérience sur notre site Web. Lisez notre politique de confidentialité.