Accéder au contenu principal

News

Soirée des récompenses

✨ Soirée des récompenses 🏆

Déi lescht Woche war et nees esou wäit: Mir hunn eis alljärlech Soirée des récompenses gefeiert! 

E besonneschen Owend, fir d’Leeschtunge vun eise Schüler ze valoriséieren an hiert Engagement ze honoréieren. 

  • 46 élèves méritants fir hir schoulesch Leeschtunge
  • 31 élèves sportifs fir hir sportlech Erfolleger
  • 23 élèves engagés fir hiren Asaz an der Schoulcommunautéit an  Engagement iwwer de Schoulalldag eraus.

Dëst Joer geet de Prix d’excellence un d’Uyana Granger! Dës speziell Auszeechnung geet u Schüler, déi souwuel duerch hir schoulesch wéi och duerch hir sportlech Leeschtungen iwwerzeegt hunn.

Häerzlech Gratulatioun, Uyana!

 

Veuillez cliquer sur les photos pour l'agrandir.